Eise System map - management for academic purposes bitt Iech flexibel an individuell Léisungsméiglechkeeten fir d’Betreiung vun Alumni a Frënn.
map besteet aus zwee Deeler: een Deel erméiglecht den Zougrëff iwwer Internet, "map online", deen aneren Deel ass eng Software fir Äre lokale Computer, "map local". Di zwee Deeler vum System hunn als Grondlag eng gemeinsam Datebank. Mam System kennen e puer User gläichzäiteg schaffen an en ass dofir konzipéiert, dass map-online a map local parallel genotzt kenne ginn.
D’Software baséiert op Modulen, déi sech ergänzen, sech un Är Wënsch upassen a mat Ären Uspréch wuesse kënnen. An alle Beräicher vun der Alumniaarbecht - vum Kontaktmanagement iwwer d’Veranstaltungs-verwaltung bis hin zum Bezuelen vu Memberskaarten an der Evaluatioun vu Projet’en ënnerstëtzt de System all Är Aarbechtsschrëtter. Oppe Schnëttstellen erméiglechen eng Zesummenaarbecht mat deene Softwareprogrammer, déi Dir benotzt.
map-online als Internetportal gëtt un Är Corporate Identity ugepasst a bilt doduerch eng Eenheet mat Ärer Internetpräsenz. Doriwwer eraus kann och Äre gesamten Internetoptrëtt mat der Hëllef vun engem Content-Management-System verwalt ginn.
Wo d’Date vun Äre Memberengespäichert ginn, décidéiert Dir. Entweder kennen se op engem Server anÄrer Institutioun, bei engem Hosting-Partner, deen Dir wielt oder bei eisem Hosting-Partner "ITworks" zu Tréier ofgeluecht ginn.
© 2009, bayer & hahn s.à r.l. | Impressum | Datenschutz