bayer & hahn s.à r.l.

Haaptsäit

Printen     Deutsch Lëtzebuergesch

Kontakt

Tel.:

+352 - 26945525

Fax:

+352 - 26945525

 

info@bayer-hahn.net

Service
Service

Berodung

Gär entwéckele mir zesumme mat Iech Alumni-Aarbechtskonzepter, analyséieren Är Bedürfnisser a beroden Iech iwwert gëeegent Software-Léisungen. Dëst gëllt fir Eenzelmoossnamen, z.B. fir Weiderbildungs-veranstaltungen, d’Grënnung vun engem Club, Vakanzecours’en, Alumni-treffen oder Examens- a Jubileumsfeieren, awer och fir Gesamtkonzepter wéi d’Betreiung vu Memberen oder Fundraising.

 

Formatiounen a Workshops

Vun enger kuerzer Introduktioun bis zu Seminairen iwwert e puer Deeg bidde mir interaktiv Formatiounen a Workshops un. D’Formatiounen si bei Iech an Ärem gewinnten Arbechtsemfeld a riichten sech un eenzel Persounen oder u Gruppen, an zwar net nëmmen un Är Mataarbechter, mee och un ausgewielt Alumni, z.B. Clubpresidenten.

 

Design

Den Design vu map-online gëtt individuell fir Iech entworf. Dofir iwwerhuele mir net nëmmen Är Web-Strukturen, mee op Wonsch entwerfe a realiséiere mir Iech och en neien Design. Dëse Service kann Äre gesamten Internet-optrëtt ëmfaassen, onofhängeg dovun, ob Dir map asetzt oder net.

 

Betreiung vun Internetoptrëtter

Wann Dir Ären Internetoptrëtt net selwer wëllt betreien, kënnt der eis dës Betreiung iwwerdroen. Dir deelt eis Är Ännerungswënsch an Iddie mat, mir setzen se ëm. Och wann Dir Ären Internetoptrëtt oder Design wëllt änneren, musst der dat net selwer maachen, mir stinn Iech dofir zur Verfügung.

© 2009, bayer & hahn s.à r.l. | Impressum | Datenschutz